3. Studierees am Minett
D’LDF war op Besuch beim CNCI um Belval an op Schëffleng!
24. Oktober 2026
Journées Européennes du Patrimoine 2026
D’LDF lancéiert eng staark Aktioun op de soziale Medien
24. Oktober 2026
Am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine 2026, déi ënner dem Thema „Patrimoine en péril“ stoungen, huet d’Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun (LDF) e Video produzéiere gelooss, fir op de Wäert vum gebauten an architektonesche Patrimoine zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen – an op d’Geforen, deenen en ausgesat ass.
An engem kuerzen Appell weist de Pol Ewen, President vun der LDF, firwat et wichteg ass, eise Patrimoine ze erkennen, ze dokumentéieren an ze schützen. Vill historesch Gebaier droen zur Identitéit vun eise Plazen a Landschaften bäi. Trotz hirem kulturellen, architektoneschen an historesche Wäert sinn der awer vill duerch Vernoléissegung, Verfall oder Ofrëss bedrot.
Am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine 2026 huet d’LDF sechs Beispiller vu bedrote Gebaier an architektoneschen Ensembelen zu Lëtzebuerg an de Mëttelpunkt gestallt: zu Hierber, Méischdref, Menster, Béiwen, Konsdref a Sprenkeng. Se weisen op exemplaresch Aart a Weis, wéi vill Patrimoine eis nach erhalen ass – a wéi vill dovun eis verluer goe kéint, wa mir net rechtzäiteg handelen.
Dës sechs Beispiller sinn nëmmen eng kleng Auswiel. Uechter d’Land ginn et nach vill aner Gebaier an Ensembelen, déi eis Opmierksamkeet a Schutz brauchen.
Mat dësem Video wëll d’LDF net nëmmen op d’Problematik vum bedrote Patrimoine hiweisen, mee och dozou opruffen, sech fir säin Erhalt anzesetzen. Well Patrimoine ass méi wéi al Bausubstanz: E steet fir eis Geschicht, eis kulturell Identitéit an eng gemeinsam Mémoire, dat mir fir déi nächst Generatioune erhale sollen.
Fir de Patrimoine vu muer ze erhalen, musse mir haut handelen.
D'Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun setzt sech an fir d’Protektioun vum gebauten architektonesche Patrimoine zu Lëtzebuerg.
Eisen Objet.
D’Haaptuleies vun der Federatioun ass d’Protektioun vum gebauten architektonesche Patrimoine zu Lëtzebuerg.
D’LDF huet wëlles dëst Objektiv ze erreechen, andeems se all Associatioun a Fondatioun, déi an hire Statute d’Verdeedegung vum gebauten an architektonesche Patrimoine ageschriwwen hunn, federéiert a regruppéiert.
D’Federatioun kann, ënner anerem, den Lien maachen tëschent den federéierten Member-Organisatiounen an den Administratiounen, de politeschen an ëffentlechen Instanzen oder och der Press an de Medien.
Eis Memberen.
Wëllt är Organisatioun och der LDF bäitrieden, an zesummen mat aneren Organisatiounen Iech fir de Lëtzebuerger Denkmalschutz asetzen?
Historique.
House Europe!: Umbau statt Abrissbirne
D’LDF am Interview beim Woxx
23. Oktober 2025
Déi 1. Studierees vun der LDF bei de Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall.
24. Mee 2025
En grousse Merci un d’Frënn vum ale Stater Bus fir hir Ënnerstëtzung mam historësche Bus 232.
La LDF à la Réception du Nouvel An du Ministère de la Culture
15. Januar 2025
La LDF à la Réunion d’Information suite à l’Enquête publique relative à l’inventaire du patrimoine architectural de la commune Helperknapp
13. Januar 2025
D’LDF gëtt am 07/2024 Bulletin vun der FFGL presentéiert!
13 August 2024
Déi nei Presentatiouns-broschür vun der LDF mat all eis Memberen ass eraus!
29 Mäerz 2024
Avis de la LDF sur le Programme Directeur d’Aménagement du Territoire (PDAT) 2023
5. Abrëll 2023
Paul Ewen, de President vun der LDF, Invité vun der RTL-Redaktioun.
16. Februar 2022