Eis Memberen.

  • Logo Amis du Château d'Aspelt

    Amis du Château d'Aspelt

    Säit eiser Grënnung 2010 hu mir als Frënn vum Uespelter Schlass (Amis du Château d’Aspelt, ADCA) eis als Zil gesat dozou bäizedroen, datt d’Uespelter Schlass mat sengen Alentouren restauréiert a revaloriséiert gëtt, dëst a gudder Zesummenaarbecht mat der Fréisenger Gemeng, déi Proprietär vum Schlass ass. Am positive Sënn vum Wuert verstinn mir eis als “Lobbyist” vum Uespelter Schlass a sengen Interêten. Heizou gehéiert d’Schlass no baussen ze representéieren a bekannt ze maachen.

    Fir d’Uespelter Schlass ze promovéieren, gi mir zweemol am Joer eng “Schlassnews” eraus an organiséieren kulturell, pedagogesch a sozial Evenementer. Mir maachen och guidéiert Visitten vum Schlass.

  • Logo Les Amis du Prieuré d'Useldange

    Amis du Prieuré d'Useldange

    Déi am Juli 2020 gegrënnte “Frënn vum Useldinger Priorat” wëlle sech fir d’Erhalung an d’Valoriséierung vum Patrimoine an der Gemeng Uselding asëtzen an och d’Awunnerschaft an d’Autoritéiten sensibiliséiere fir dës Zeien aus eiser Vergaangenheet beschtméiglechst ze respektéieren. Besonnesch betraff vun eisem Engagement sinn d’Erhalen an d’Erfuerschen vum ale Benediktinerpriorat aus dem 12. Jorhonnert. Donieft bekëmmert sech d’Associatioun awer och ëm d’Opschaffe vun der räicher Geschicht vun der Gemeng Uselding an hiren Archiver.

  • Logo Biergerinitiativ Gemeng Kielen

    Biergerinitiativ Gemeng Kielen

    D’Biergerinitiativ Gemeng Kielen gouf 2017 gegrënnt. D’ASBL setzt sech fir daat architektonescht an natierlecht Ierwen an der Gemeng Kielen an. Sie fuerdert d’Erhalen vun dene Gebaier déi vum INPA als schützenswert définéiert goufen, den Schutz vum klenge Patrimoine um kommunale Niveau daat via den PAG, d’Erhalen vun den Duerfkären an dem Respekt vun enger gewësser Baukultur, den Schutz vun der natierlecher Ëmwelt an der Biodiversitéit, d’Kreatioun vun Erhuelungszonen bannent den Uertschaften.

  • Logo Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich

    Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich

    D'Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich steht an fir eng nohaltig a natiirlich Entwécklung, am Aklang mat eisem ländlichen Charakter, mat Respekt virun eiser Natur an Ëmwelt an eiser kultureller Identitéit.

  • Logo Biergerinitiativ Quo vadis Käerch

    Biergerinitiativ Quo vadis Käerch

    D’Biergerinitiativ Quo vadis Käerch as eng asbl déi sech fir den Erhalt vum historesche Patrimoine asetzt, wéi z.B. erhalenswert al Haiser. Aner Aktivitéite sin historesch Publikatiounen, Ausstellungen a Konferenzen. Dozou gehéiert Sammele vu lokalhistoreschem Material wéi Fotoën, Dokumenter, awer och Festhale vun Erënnerungen vun eelere Leit. Visite guidéeën fir d’Nokomme vun amerikaneschen Auswanderer gin ugebueden.

  • Logo CNCI

    CNCI-Centre national de la culture industrielle

    D‘asbl CNCI (Centre national de la culture industrielle) huet zum Zil e Kooperatiounsnetzwierk opzebaue mat all den Haaptacteuren déi sech fir d’Valorisatioun vum Industriepatrimoine zu Lëtzebuerg engagéieren. Doriwwer eraus ass hir Missioun d‘Ëffentlechkeet fir dëse Patrimoine ze sensibiliséieren a Konzepter fir déi kreativ Emnotzung vun eemolegen Industriefrichen a Gebaier auszeschaffen.

  • Logo Comité Alstad

    Comité Alstad

    De "Comité-Alstad a.s.b.l.", 1937 gegrënnt a mat Sëtz um Fëschmaart an der Alstad këmmert sech ëm d'Erhale vum historeschen, urbanen a kulturelle Charakter vun der Lëtzebuerger Alstad. 

    An deem Sënn setzt en sech an fir eng Revaloriséirung vun der existéiernder Architektur a fir hier fachgerecht Restauréierung, esou wéi fir d’kulturell Beliewung vun der Alstad.

  • Logo Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg

    Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg

    D'Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL) sinn den 2. Juni 1992 gegrënnt ginn, fir am Sënn vun engem éischte Groupement vu Leit ëm de Lëtzebuerger Festungshistoriker Jemmy KOLTZ d'Geschicht vun der Festung Lëtzebuerg ze studéieren, besonnesch duerch Konferenzen a Visitten de Leit Informatiounen doriwwer ze vermëttelen an awer och Verwaltungen ze beroden an hinnen bei Projeten déi d' Festung betreffen zur Säit ze stoen.

  • Logo Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg

    Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg

    “Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg A.S.B.L.” ass eng Vereenegung déi säit 2009 sech asetzt fir den historeschen a kulurellen Patrimoine ze erhalen an ze revaloriséieren. Déi aktiv Memberen engagéieren sech fir der Ëffentlechkeet deen räichen lokalen Patrimoine an sengen verschiddenen Facetten méi no ze bréngen iwwer de Wee vu Publikatiounen, Konferenzen, Ausstellungen asw. An enker Zesummenaarbecht mat de kommunalen Autoritéiten an hiren techneschen Servicer versicht d’Vereenegung dësen interessanten a wertvollen Gesellschaftsräichtum ze dokumentéieren, ze analiséieren, ze archvéieren an esou dem interesséierten Publikum zougängeg ze maachen.

  • Logo Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof

    Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff

    Den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff sëtzt sech ë.a. a fir den urbanen Developpement vum Quartier (dee jo och zur UNESCO Pufferzon gehéiert) an d’Erhale vu sengem Patrimoine, souwuel deen historeschen, architektoneschen, wéi deen natierlechen. D’Muerbelsmillen ass eng vun deene leschten Initiativen an deem Sënn. Weider Aktioune sinn um Leescht.

  • Logo Lampertsbierger Geschichtsfrënn

    Lampertsbierger Geschichtsfrënn

    De Veräin vun de Lampertsbierger Geschichtsfrënn gouf am Joer 2007 gegrënnt fir d’Vergaangenheet vun dësem Stater Véirel ze ënnersichen an opzeschaffen. D’Asbl setz sech och konsequent fir d’Erhale vum architektonesche Patrimoine vum Quartier an, a konnt zum Beispill verhënneren datt déi fréier Spillschoul, d’Haus vun de Rousenziichter Bourg-Gemen, ofgerappt gouf.

  • Logo LDF

    Mierscher Geschichtsfrënn

    Vereenegung „Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch“ huet 1996 „Les Amis du Vieux Mersch“ ersat, déi gegrënnt gi war fir d’Erhalen vum Waasserbaseng virun der Reimervilla. Geschichtsfrënn setzen sich an fir eng Dokumentatioun iwwert Geschicht vun der ganzer Gemeng an fir d’Erhalen vum „patrimoine historique, aussi bien architectural que naturel, de la commune de Mersch“

  • Logo Mouvement Patrimonial

    Mouvement Patrimonial

    Mouvement Patrimonial gouf den 1. September 2018 gegrënnt an huet sech ënner Anerem folgend Objektiver gesat:
    - Erstellen an Uwennen vun wëssenschaftlechen Kritären bei der Ënner-Schutzstellung,
    - Erstellen vun engem wëssenschaftlechen Inventaire,
    - Erhalt ass vun ëffentlechem an allgemengem Notzen,
    - Koordinatioun oder Fusioun vun den legalen Instrumenter op kommunalem an nationalem Niveau,
    - Kreatioun vun engem “Fonds du Patrimoine”,
    - Unerkennung vun dem ekonomeschen an touristeschen Notzen,
    - Integratioun vun der Wëssensvermëttlung an den Schoulprogramm,
    - Ëmsetzung vun den Recommandatiounen aus den internationalen Konventiounen (Grenade, Venise, Florence).

  • Logo Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

    Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall

    Natur- a Geschichtsfrënn Ieweschte Syrdall setzt sech an fir:
    - Dokumentéiere vun historesche Evenementer an der Gemeng Conter an dem Ieweschte Syrdall,
    - Schütze vun erhalenswerte Gebäilechkeeten, Monumenter a Naturdenkmäler,
    - Katalogiséiere vun Akten, Fotoen, Filmer a Material vu regionalhistoreschem Charakter,
    - An engem Dokumentatiounszenter d’Erënnerung u Perséinlechkeeten, historesch Virgäng a Gebräicher sammelen an erhalen,
    - Realiséiere vun engem Archiv fir d’Regionalgeschicht an d’Genealogie.

  • Logo Sauvegarde du Patrimoine

    Sauvegarde du Patrimoine

    Mir setzen ons fir den Erhalt vun historescher Bausubstanz an. Dobäi ënnerhuele mir folgend Aktivitéiten:

    - Mir bréngen Handwierker aus der ganzer Groussregioun zesummen, déi Erfarung mat der Restauratioun vun denkmalgeschützten Haiser hunn,

    - Mir sensibiliséieren d’Bierger*innen duerch Evenementer oder Publikatiounen, wéi z.B. ons Fachbuchserie „Monumentum“,

    - Mir schaffen un den neie Lëtzebuerger Denkmalschutzgesetz mat,

    - Mir weisen op ëffentlech Mëssstänn an potenziell Ofrappgeforen vun wäertvoll Bausubstanz oder bei tatsächlech Ofrësser op.

  • Logo du Syndicat du Grund

    Syndicat du Stadgrund

    Den Interesseveräin Stadgronn setzt sech fir d'Interesse vun den Awunner, Geschäftsleit, Visiteuren an Admirateure vu sengem historeschen a pittoreske Quartier an. De Stadgronn steet am Mëttelpunkt vum UNESCO Site. D'Demarchen vum Syndicat betreffen haaptsächlech den urbanen Developpement, d‘Protektioun an d’Valorisatioun vum historesche Patrimoine, d’Verbesserung vum Liewenskader fir d’Awunner an equilibréiert Relatiounen tëschent den Interesse vun de verschiddenen Acteuren.

  • Logo Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

    Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

    D’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn setze sech a fir d’Geschicht vun deenen zwou Gemengen an der Ëmgéigend ze erfuerschen an hir Recherchen ze dokumentéieren an ze archivéieren.

    Nieft Archeologie, Auswanderung, Weltkricher, Genealogie si si och aktiv, wat d’Architektur ugeet. D‘Dokumentatioun vun alen Haiser, d‘Asetze fir d’Erhale vun historesch wäertvoller Bausubstanz an d‘Restauréiere vu Kräizer vum ale Kierfecht gehéieren zu hiren Tätegkeeten.

    Si organiséieren Ausstellungen a Visitte vun historesche Plazen a sinn Initiator vun der Journée de l’Histoire Locale

    All Joer kënnt de Viichter Geschichtsfrënd eraus, eng faarweg Broschür vun ëm déi 100 Säiten.

 Mir soën alle Membere merci, dass Sie hier Fotoen fir den LDF Site zur Verfügung gestallt hunn.