Den 21. Abrëll 2025 hu mer dann an der Alstad déi 196. Éimaischen. Hoffentlech dëst Joer mat besserem Wieder.
Fir déi dësjäreg Éimaischen hu mir 3 flott a schéin Péckvillercher fir iech. Mir proposéieren als éischt onsen Péckvillche CA’25 an den traditionellen Faarwen vum Comité Alstad orange a blo.
De Péckvillchen CA’25 ass an den Atelierën vun der Ligue HMC op der Cap an nëmmen zu 120 Stéck gemaach ginn. De Péckvillchen CA’25 kascht 25,00 €.
An och dëst Joer bidde mir Iech e flotten Péckvillchen un den zu Gonschten vum Télévie verkaf gëtt.
Och dëse Péckvillchen, 120 Stéck, gouf op der Cap vun der Ligue HMC hiergestallt a kascht 35,00 €
Bestellen kann een de Péckvillchen Télévie‘25 bis zum 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Télévie’25“.
De Péckvillchen « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » gouf entworf vun der Madamm Sandra Pereira no enger Zeechnung vum Michel Engels a realiséiert an hirem Atelier Xanna Faia Ceramics zu Useldeng. Vun dësem Péckvillchen ginn et just 120 Stéck. De Péckvillchen kascht 40,00 €.
Bestellen kann een de Péckvillche « 30 Joer Lëtzebuerg – Alstad a Festung – Patrimoine Mondial » bis zum 10. Abrëll 2025 beim Comité Alstad duerch iwwerweisen vun der entspriechender Zomm op de Kont bei der Spuerkeess IBAN LU64 0019 1755 0897 0000 mam Vermierk „Péckvillchen Patrimoine Mondial“.
All Péckvillchen ass nummeréiert an huet en Zertifikat vun der Madamm Sandra Pereira ënnerschriwwen.
Ofhuelen kann en seng bestallten Péckvillercher Ouschterméindeg, den 21. Abrëll 2025 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer net kann op d’Éimaischen kommen, de kann seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, den 22. Abrëll bis Freides, den 25. Abrëll 2025.