De Conseil d'Administration vun der Asbl "Frënn vum Useldinger Priorat", déi sech am Joer 2020 constituéiert huet, invitéieren op hir 4. Assemblée Générale Ordinaire den 8. Mee 2024 um 19:30 zu Everling "Am Schlass", hirem Siège Social.
Wéi all Joers schécke mir och gären eng Invitatioun u Presidenten oder Membere vun Nopeschveräiner, déi eis Interessien deelen, un Historiker an och Lokalhistoriker, Institutiounen, Gemengepolitiker, an u Leit, déi eis Associatioun ee ganzt Joer laang ënnerstetzen, ouni offiziell Member ze sinn.
No dem offiziellen Deel wäert den Dr. Thomas Lutgen, Baufuerscher, eis ee kuerzen Iwwerbléck iwwert seng Recherchen (2023 - 2024) am alen Useldinger Priorat (anno 1102) ginn. Ob, d'Prioratskierch Sainte-Marie méi al ass, wéi bis elo ugeholl, dat wäerte mir da gewuer ginn.
D'Presidentin Stephie Reichert gëtt eis een aktuellen Abléck op de Projet "Aurora", dee mir vu Juni 2023 bis Juni 2024 ënner der Form vun engem Postdoktorat un der uni.lu duerchzéien. Dëse Projet "Aurora" wor fir eis jonk Associatioun natierlech eng onheemlech finanziell Erausfuerderung a Belaschtung, déi mir awer mat léiwer Ënnerstëtzung vun e puer sympathische Fondatiounen a Gemengen gepackt hunn.
Duerno, no enger Kippche Crémant, wäerte mir eis mat Ham, Fritten an Zalot stäerken. Als Dessert gëtt et eent Stéck Taart.
Wann Dir eppes wéilt bei d'Finanzéierung vun dësem Owend bäisteieren, kënnt Dir dat gären um Ënn vun der Soirée maachen. Mir wäerten eng diskret "Këscht" niewent d'Ausgangsdir opstellen.
Vergiesst nit, Iech matzäit unzemellen (bis den 2. Mee).
Merci am Viraus fir Ären Intérêt