De Conseil vun der LDF huet virgesinn fir 2025 en Entdeckungs-Ausfluch z’organiséieren, deen de Member-Associatiounen et soll erméiglechen, sech kennenzeléieren a besser ze vernetzen.
Aktuell hu sech 17 Associatiounen an der Lëtzebuerger Denkmalschutz Federatioun zesummegeschloss, fir gemeinsam méi staark a méi effizient fir den Denkmalschutz zu Lëtzebuerg aktiv ze sinn.
Den Datum fir dësen Dagesausfluch ass op de Samschdeg, de 24. Mee 2025 festgeluecht ginn.
D’Iddi ass, sech um 9:00 Auer um Bus Parking Bouillon ze treffen, vun do aus mat engem historesche Bus een oder zwee Sitten ze besichen, déi am Kader vun den Aktivitéite vun enger Member-Associatioun relevant sinn. Mëttes ass e gemeinsamen Iessen op der Plaz virgesinn, an nomëttes soll eng weider Visitt organiséiert ginn. Am spéiden Nomëtte, géint 18:00 Auer, komme mir dann zeréck an d’Stad.
D’Zil ass, jee no Succès vun dësem éischten LDF-Kenneléieren-Ausfluch, all 17 Member-Associatiounen iwwer d’Zäit ze besichen.
An dësem Zesummenhang wier de Conseil vun der LDF frou, wann Member-Associatiounen sech géife mellen, déi bereet wieren an Freed hätten dësen éischten LDF-Ausfluch zesumme mat eis z’organiséieren. D’Thema ass Iech ganz iwwerlooss, mä et muss ëmmer am Kontext vum Bauierwen stoen: dat kann eng Visitt vun engem Quartier sinn, oder vun engem Haus, oder eng historesch Anlag, Site, etc.
D’Kandidature sollten bis de 30. September erareecht ginn, ganz einfach per E-Mail, mat enger Propositioun vun zwou bis dräi Sitten, déi mir mat oder ouni Guidage besiche kéinten. D’Organisatioun- an d'Transportkäschten iwwerhëlt d’LDF.
Mir soen Iech am viraus villmools Merci!